Épisodes

  • Episod 13 - Véronique Bernar - Abléck an de Programm vum nächste Concert
    Mar 30 2026

    An dëser Episod schwätze mir net iwwert d'Geschicht vum Veräin an och net vun den Anekdote vun eise Memberen, mee mir diskutéiere mat eiser Cheffin Véronique Bernar iwwert de Programm vun eisem nächste Concert Dreams & Fantasy, deen de 17. Mee 2026 am Kulturzentrum Aalt Stadhaus stattfënnt.

    Produktioun: Harmonie Municipale Differdange

    Animatioun: Louis Elsen a Gilles Krein

    Technik: Michel Pereira

    Opgeholl den 30. Mäerz 2026 am Musekssall vun der HMD.

    Kapitelen:

    01:16 Titel vum Concert

    10:09 The Lone Ar-ranger - Philip R. Buttall

    12:23 Opbau vum Concert

    19:13 Imagasy – Thiemo Kraas

    23:20 Morpheus – Randall D. Standridge

    32:54 Fables and Fantasies – Willy Fransen

    33:57 Rapunzel – Bert Appermont

    39:36 The Engulfed Cathedral – Claude Debussy / arr. José Schyns

    43:10 The Irish Washerwoman – Leroy Anderson

    46:33 Schluss


    Afficher plus Afficher moins
    47 min
  • Episod 12 - Fränz Goergen - Deel 3
    Mar 12 2026

    No bal engem Joer hu mir nei Episoden opgeholl an mir fueren do virun wou mir déi leschter Kéier opgehalen un. De Fränz Goergen verréit eis wéi schwéier et war nodeems den Asca Rampini opgehalen huet.

    An 10 Joer hat d'HMD 4 nei Dirigenten an och 4 nei Präsidenten, bal e Rekord fir eise Veräin.

    Mat dëser neier Folleg hu mir och en neien Animateur. Dat ass keen aneren wéi eise fréieren Dirigent an aktuelle Perkussionist Gilles Krein.

    Lauschtert séier eran!

    Produktioun: Harmonie Municipale Differdange

    Animatioun: Gilles Krein a Michel Pereira

    Opgeholl den 6. Mäerz 2026 am Musekssall vun der HMD.

    Afficher plus Afficher moins
    1 h et 4 min
  • Episod 11 - Martine Goergen - Deel 3
    Feb 21 2026

    An dëser Folleg schwätze mir eng drëtten a leschte Kéier mam Martine Goergen. Mir diskutéiere vun den Dirigenten ënnert deenen d’Martine scho gespillt huet. D’Rekrutement vu ganz jonke Musiker an och d'First Band gëtt erwähnt an zum Schluss kommen mir och kuerz op eis Concertsrees am Abrëll 2025 zu Penzberg zeréck.

    Produktioun: Harmonie Municipale Differdange

    Animatioun: Louis Elsen a Michel Pereira

    Technik: Dominique Mosar

    Opgeholl den 19. Abrëll 2025 am Musekssall vun der HMD.

    Afficher plus Afficher moins
    1 h et 10 min
  • Episod 10 - Fränz Goergen - Deel 2
    Oct 9 2025

    An dëser Episod schwätze mer mam Fränz Goergen iwwert d'Jugendmusek Harmonie Prince Guillaume an iwwert d'Déifferdenger Big Band, mee virun allem schwätze mir vum Asca Rampini, deen Dirigent vun der Jugendmusek war an duerno vun 1965 bis 1980 de Chef vun der Déifferdenger Musek.

    D'Episod hält op mam Enn vun der Rampini Ära.

    Eng Episod déi dir op kee Fall dierft verpassen. Dofir lauschtert eran!

    Produktioun: Harmonie Municipale Differdange

    Animatioun: Louis Elsen a Michel Pereira

    Technik: Dominique Mosar

    Opgeholl den 19. Abrëll 2025 am Musekssall vun der HMD.

    Afficher plus Afficher moins
    1 h et 1 min
  • Episod 9 - Gilles Krein - Deel 3
    Sep 26 2025

    An dëser drëtter a leschter Episod mam Gilles Krein schwätze mir iwwert seng bescht Erënnerungen als Dirigent an der Déifferdenger Musek a wéi et ass Dirigent ze sinn an deem Veräin wou een opgewuess ass.

    Mir erwänen och de Moment wou hien als Dirigent bei eis opgehalen huet, säi Retour als Perkussionist, mee schwätzen awer och iwwert seng Zukunft an déi vum Veräin.

    Dëst ass och déi längste Folleg vun eisem Podcast, deemno zaapt iech e Kaffi a mir wënschen vill Spaass beim Nolauschteren.

    Produktioun: Harmonie Municipale Differdange

    Animatioun: Louis Elsen a Michel Pereira

    Technik: Dominique Mosar

    Opgeholl den 15. Mäerz 2025 am Musekssall vun der HMD.

    Afficher plus Afficher moins
    1 h et 14 min
  • Episod 8 - Gilles Krein - Deel 2
    Jul 31 2025

    An dëser zweeter Episod mam Gilles Krein schwätze mir iwwert säin Ufank als Dirigent vun der Jugendmusek an duerno vun der HMD. Wéi et war als 19 Joer jonke Mann vun hannen an der Perkussioun, vir op d'Dirigentepult stoen ze kommen.

    Mir schwätzen vill iwwert seng haut legendär Ouverturen, mee och iwwert seng aner Kompositiounen an Arrangementer.

    Mir verroden iech elo schonn datt nach en drëtten Deel nokënnt.

    Produktioun: Harmonie Municipale Differdange

    Animatioun: Louis Elsen a Michel Pereira

    Technik: Dominique Mosar

    Opgeholl den 15. Mäerz 2025 am Musekssall vun der HMD.

    Afficher plus Afficher moins
    1 h et 1 min
  • Episod 7 - Gilles Krein - Deel 1
    Jul 18 2025

    Haut schwätze mir mat eisem Perkussionist Gilles Krein. De Gilles an net nëmme Perkussionist, mee war Dirigent vun eiser Jugendmusek Harmonie Prince Guillaume a virun allem Dirigent vun der Harmonie Municipale tëscht 2015 an 2023. De Gilles ass e Keeler Jong, deen zu Esch an de Lycée gaangen ass, op Péiteng an d'Museksschoul, an d'Stad an de Conservatoire an op Déifferdeng an d'Musek.

    An dëser éischter Folleg mam Gilles geet et virun allem ëm säi musikalesche Parcours an der Déifferdenger Musek, mee och iwwert säi Studium.

    Vill Spaass beim Nolauschteren.

    Produktioun: Harmonie Municipale Differdange

    Animatioun: Louis Elsen a Michel Pereira

    Technik: Dominique Mosar

    Opgeholl den 15. Mäerz 2025 am Musekssall vun der HMD.

    Afficher plus Afficher moins
    50 min
  • Episod 6 - Martine Goergen - Deel 2
    Jul 3 2025

    An dëser Folleg vun eisem Podcast schwätze mir eng zweete Kéier mam Martine Goergen. Mir kënnen Iech elo scho verroden datt nach eng drëtt Folleg wäert dobäi kommen. An dëser Episod schwätze mir virun allem iwwert d'Aarbecht am Comité an iwwert déi eenzel Aktivitéite vun eisem Veräin. Mir froen d'Martine wéi et ass d'Fra vum Präsident vun der Déifferdenger Musek ze sinn an och wat hatt vum Trait d'Union hält.

    Produktioun: Harmonie Municipale Differdange

    Animatioun: Louis Elsen a Michel Pereira

    Technik: Dominique Mosar

    Opgeholl den 21. Februar 2025 am Musekssall vun der HMD.

    Afficher plus Afficher moins
    48 min