Couverture de Haut, Muer an Deemools

Haut, Muer an Deemools

Haut, Muer an Deemools

De : Harmonie Municipale Differdange
Écouter gratuitement

À propos de ce contenu audio

«Haut, Muer an Deemools», de Podcast vun der Harmonie Municipale Differdange, oder einfach, vun der Déifferdenger Musek. Gegrënnt 1884, huet de Veräin eng räich Geschicht hannert sech mee och nach vill viru sech. Hei kritt dir iwwer Interviewe mat Zäitzeie mat, wéi et deemools war, haut ass a muer hoffentlech wäert sinn. Lauschtert no an erlieft en nostalgeschen an informativen Abléck iwwert d’Origine vun der HMD. Der héiert perséinlech Geschichte vun de Memberen, a léiert iwwer d’Entwécklung an d’musikalesch Ierfschaft vum Veräin.Harmonie Municipale Differdange Musique
Épisodes
  • Episod 13 - Véronique Bernar - Abléck an de Programm vum nächste Concert
    Mar 30 2026

    An dëser Episod schwätze mir net iwwert d'Geschicht vum Veräin an och net vun den Anekdote vun eise Memberen, mee mir diskutéiere mat eiser Cheffin Véronique Bernar iwwert de Programm vun eisem nächste Concert Dreams & Fantasy, deen de 17. Mee 2026 am Kulturzentrum Aalt Stadhaus stattfënnt.

    Produktioun: Harmonie Municipale Differdange

    Animatioun: Louis Elsen a Gilles Krein

    Technik: Michel Pereira

    Opgeholl den 30. Mäerz 2026 am Musekssall vun der HMD.

    Kapitelen:

    01:16 Titel vum Concert

    10:09 The Lone Ar-ranger - Philip R. Buttall

    12:23 Opbau vum Concert

    19:13 Imagasy – Thiemo Kraas

    23:20 Morpheus – Randall D. Standridge

    32:54 Fables and Fantasies – Willy Fransen

    33:57 Rapunzel – Bert Appermont

    39:36 The Engulfed Cathedral – Claude Debussy / arr. José Schyns

    43:10 The Irish Washerwoman – Leroy Anderson

    46:33 Schluss


    Afficher plus Afficher moins
    47 min
  • Episod 12 - Fränz Goergen - Deel 3
    Mar 12 2026

    No bal engem Joer hu mir nei Episoden opgeholl an mir fueren do virun wou mir déi leschter Kéier opgehalen un. De Fränz Goergen verréit eis wéi schwéier et war nodeems den Asca Rampini opgehalen huet.

    An 10 Joer hat d'HMD 4 nei Dirigenten an och 4 nei Präsidenten, bal e Rekord fir eise Veräin.

    Mat dëser neier Folleg hu mir och en neien Animateur. Dat ass keen aneren wéi eise fréieren Dirigent an aktuelle Perkussionist Gilles Krein.

    Lauschtert séier eran!

    Produktioun: Harmonie Municipale Differdange

    Animatioun: Gilles Krein a Michel Pereira

    Opgeholl den 6. Mäerz 2026 am Musekssall vun der HMD.

    Afficher plus Afficher moins
    1 h et 4 min
  • Episod 11 - Martine Goergen - Deel 3
    Feb 21 2026

    An dëser Folleg schwätze mir eng drëtten a leschte Kéier mam Martine Goergen. Mir diskutéiere vun den Dirigenten ënnert deenen d’Martine scho gespillt huet. D’Rekrutement vu ganz jonke Musiker an och d'First Band gëtt erwähnt an zum Schluss kommen mir och kuerz op eis Concertsrees am Abrëll 2025 zu Penzberg zeréck.

    Produktioun: Harmonie Municipale Differdange

    Animatioun: Louis Elsen a Michel Pereira

    Technik: Dominique Mosar

    Opgeholl den 19. Abrëll 2025 am Musekssall vun der HMD.

    Afficher plus Afficher moins
    1 h et 10 min
Aucun commentaire pour le moment