Couverture de flux

flux

flux

De : Lëtzebuerger Journal
Écouter gratuitement

3 mois pour 0,99 €/mois

Après 3 mois, 9.95 €/mois. Offre soumise à conditions.

À propos de ce contenu audio

Vun der Stolindustrie als wirtschaftlecht Fundament, iwwer d'Entstoe vun der Finanzplaz, bis hin zu engem ëmmer méi diversifizéierte Wirtschaftsmodell, an deem Tech, Weltraum oder Logistik eng wuessend Roll spillen: D'Journalist*inne vum Lëtzebuerger Journal sinn der Wirtschaftsgeschicht vu Lëtzebuerg op d’Spuer gaang. D'Sherley De Deurwaerder, d'Camille Frati, d'Melody Hansen an de Pascal Steinwachs schwätze mat deene Mënschen, déi dës Evolutioun matgestalt hunn, a mat deenen, déi se haut nach ëmmer virundreiwen. Zäitzeien, déi d'Entwécklung aus hirer eegener Perspektiv erzielen. Ma och Historiker*innen, Politiker*innen a wirtschaftlech Schlësselfiguren. Ënnert anerem de Jean-Claude Juncker, d'Colette Flesch, de Michel Würth an de Guy Castegnaro zielen d'Geschicht vun engem konstanten Upassen, Neidenken an Neiopbauen, déi nach ëmmer weider dréit. flux ass de Podcast vum Lëtzebuerger Journal, mam Zil, d'Geschicht vun der Lëtzebuerger Wirtschaft méi gräifbar ze maachen. Fir jiddereen. Ab dem 25. November 2025. Economie Sciences sociales
Les membres Amazon Prime bénéficient automatiquement de 2 livres audio offerts chez Audible.

Vous êtes membre Amazon Prime ?

Bénéficiez automatiquement de 2 livres audio offerts.
Bonne écoute !
    Épisodes
    • S01E04 - Vun de Bouwen, déi gefeelt hunn
      Jan 6 2026
      Et ass den 31. August 1942. Bei der Post trëppelen se vun engem Fouss op den aneren. D'Aarbecht schleeft. Et gëtt gepëspert: Stëmmt et, dass se zu Wooltz grad um Streike sinn? An zu Schëffleng? Souguer zu Ettelbréck? Den Dag virdrunner gouf ugekënnegt, dass och d'Lëtzebuerger Bouwen elo virun der Wehrpflicht stinn. Uechter d'Ländchen ass iwwer zwee Deeg e Generalstreik ausgebrach. E Moment vun der Resistenz, deen Affer mat sech bruecht huet, mee net verhënnere konnt, dass d'Lëtzebuerger Jongen an d’Wehrmacht agezu goufen. Eis Spueresich fänkt dowéinst beim Mike Orazi un, Präsident vun der Amicale de la Poste. D’Grënnung vun dëser hänkt nämlech domadder zesummen, dass zwee Postbeamte mam Liewen dofir bezuelt hunn, um Streik deelgeholl ze hunn. D’Colette Flesch, eemoleg Vize-Premierministesch a fréier Aussen-, Justiz- a Wirtschaftsministesch, deelt Erënnerunge vun der Evakuatioun vum Minett. De Carlo Thelen vun der Chambre de Commerce an de Michel Wurth vun ArcelorMittal ginn en Iwwerbléck doriwwer, wéi d'Stolindustrie sech huet missen un déi däitsch Wirtschaftsplanung upassen, wärend de Jos Thull vum Musée Patton zu Ettelbréck doriwwer schwätzt, wat d'Besatzung an d'Anzéie vun de Bouwe fir Baueren an Handwierksbetriber bedeit huet. An och gouf probéiert, d'Bouwen, déi gefeelt hunn, mat sougenannten Ostarbeiter*innen an der Landwirtschaft an an der Stolindustrie ze kompenséieren. Zu dësem däischtere Kapitel vun eiser Geschicht huet d'Prof. Inna Ganschow, Fuerscherin op der Uni Lëtzebuerg, vill recherchéiert. Merkur vun der Chambre de Commerce: https://merkur.lu/
      Afficher plus Afficher moins
      51 min
    • S01E03 - D'Fauscht op den Dësch
      Dec 23 2025
      Et ass 1917 – kuerz virum Enn vum éischte Weltkrich. D'Leit zu Lëtzebuerg ginn net anstänneg bezuelt an d'Iesse kënnt net méi op den Dësch. Uechter de Minett organiséieren d'Gewerkschaften ëmmer méi heefeg Streiker an Demonstratiounen. Et sinn déi éischt vun enger ganzer Serie, déi d'Tëschekrichszäit prägen. Demonstratiounen, déi sou wuel vun Erfolleg wéi och vu Scheitere gezeechent waren. Trotzdeem géif et haut zu Lëtzebuerg keng richteg Streikkultur ginn, erkläert de Guy Castegnaro, Affekot fir Aarbechtsrecht. D'Colette Kutten, déi sech an den 80er Joren am Mouvement de Libération des Femmes (MLF) engagéiert huet, an d'Gabrielle Antar, Matbegrënnerin vun "Déi Aner" a vum Waassermeloun-Kollektiv, erzielt, firwat et och haut nach wichteg ass, sech fir eppes anzesetzen. D'Nora Back, Presidentin vun der Chambre des salariés, de Frederik Krier, Historiker vum OGBL, mee och de Robert Schneider, fréiere Journalist, schwätzen iwwert d'Evolutioun vun de Gewerkschaften an de Streiker an eisem Land. De Michel Wurth vun ArcelorMittal Lëtzebuerg an de Jean-Claude Juncker ergänzen dëst mat hire Familljenerënnerungen vun der Stëmmung, déi zur Zäit vun der Stolkris geherrscht huet. Net ze vergiessen: De Benoît Majerus, Fuerscher op der Uni Lëtzebuerg, erzielt, wéi aus engem Crash op der Bourse schonn 1929 d'Lëtzebuerger Finanzplaz gebuer gouf. Merkur vun der Chambre de Commerce: https://merkur.lu/
      Afficher plus Afficher moins
      51 min
    • S01E02 - A man's world
      Dec 9 2025
      Et ass de 14. September 1910 – an zu Esch ass fatzeg eng lass. Am Quartier Grenz gouf eng Koppel, déi mat Kuel handelt, brutal ermort. D'Police hadert domat, erauszefannen, ween den Täter ass. An dat iwwer Joren: Gesicht gëtt bei den Aarbechter*innen, mee de Mäerder ass een eemolege Polizist. E Mord, deen net vum Wuesstum vun der Stolindustrie an dem verännerte soziale Klima ze trennen ass, wéi de Jérôme Quiqueret, Auteur vum Buch "Tout devait disparaître", eis an dëser Episod erzielt. De Fall ass nämlech e Symptom vun den Upassungsschwieregkeeten zu engem Moment, wou grad e puer Männer aus eisem Ländchen hiert Spillfeld maachen. Wéi a wisou et zu deene Probleemer komm ass – a wat dorauser entstoe konnt – deem ass d'Sherley op d'Spuer gaangen. De Carlo Thelen vun der Chambre de Commerce an de Michel Wurth vun ArcelorMittal erziele méi iwwert déi Industriell, déi hannert dësem Wuesstum stiechen. De Stefan Krebs an de Benoît Majerus, allen zwee Fuerscher op der Uni Lëtzebuerg, ginn an den Detail iwwer d'Finanzéierung vun der Stolindustrie an d'Main d'Oeuvre, déi béid dacks aus dem Ausland koumen. Ma och déi sozial Dimensioun dierf net vergiess ginn. Doriwwer schwätzen de Guy Castegnaro, Affekot am Aarbechtsrecht, an de Robert Schneider, pensionéierte Journalist, ma och de Jean-Claude Juncker, fréiere Lëtzebuerger Premier a EU-Kommissiounspresident. Merkur vun der Chambre de Commerce: https://merkur.lu/
      Afficher plus Afficher moins
      46 min
    Aucun commentaire pour le moment