Épisodes

  • #186: Ënnert engem Dach – Zesumme wunnen
    Feb 20 2026

    Zesumme mat anere Persoune wunnen ass fir vill vun eis kee Choix, mä eng Noutwendegkeet. Vill Leit wunne ganz selbstverständlech mat hirer Partner*innenpersoun zesummen. Dat ka schéi sinn, mä bréngt awer vläicht och seng ganz eege Problemer mat sech. Den Elie an d*e Robin erzielen an dëser Episod vun hiren Erfarunge mat funktionalem Wunnen, onsexy Dreckskëschten a méi oder manner fräiwëllegem Zesummenplënneren. Si schwätzen natierlech awer och iwwert déi grouss Fro: Schléift een*t zesummen an engem Bett oder dach léiwer getrennt?

    An der Rubrik erkläert d'Ella alles, wat dir iwwert Diskussioun ëm genderneutral Toilettë wësse musst.

    Afficher plus Afficher moins
    48 min
  • #185: Méi wéi bits and bytes — digital Kommunikatioun
    Feb 6 2026

    Mir benotzen se all Dag, dee ganzen Dag, méi oder manner bewosst andauernd: digital Kommunikatioun. Mir telefonéieren, videocallen, chatten, a memen mat anere Leit als e wichtegen Deel vun eise Konnektiounen. Mee wat mëcht et amfong mat eis, fir andauernd a Kontakt mat aneren an der ganzer Welt ze stinn, a fir ouni Paus online erreechbar ze sinn? Robin a Lynn diskutéieren an dëser Episod hir Erfarungen mat digitaler Kommunikatioun a wéi déi sech op hir Relatiounen zu aneren a sech selwer auswierkt.

    An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer dee grouss diskutéierte Lien tëscht Testosteron an Aggressivitéit.

    Afficher plus Afficher moins
    50 min
  • #184: Zweifelhafte Consent an zwiliichteg Charakteren — Dark Romance (Spicy Books #2)
    Jan 23 2026

    Dark Romance ass e Genre, deen Diskussiounen ausléist. Mee wat versteet een eigentlech ënner dub-con? Firwat liesen sou vill Mënschen trotz – oder vläicht grad wéinst – de kontroversen Themen Dark Romance? A wéi hunn dem Joël a Kelly hier däischter Lektüre gefall? Dat héiers du an dëser Episode. An der Rubrik schwätzt d'Ella iwwer Heterofatalismus! Inhalt vun der Episode: Minutt 0-12: Intro, Definitioun & Tropes Dark Romance Minutt 12-34: Bicher déi mir gelies hunn, hir Sexszeenen & wat mir denken Minutt 34-42: Grënn fir Dark Romance ze liesen Minutt 44-45:30: Ëmgang mat potenziell negativen Auswierkunge vum Dark Romance Trend Minutt 45:30-51:45: Ass Dark Romance eise Genre - an törnt eis dat un? Minutt 51:45-54: Wei geet et mat de Smutty Book Podcast-Episode weider? ab Minutt 54: Rubrik zu Heterofatalismus

    Bicher, déi mer erwähnen: - “The Serpent and the Nings of Night” (Crowns of Nyaxia #1) vum Carissa Broadbent - “Six Scorched Roses” (Crowns of Nyaxia #1,5) vum Carissa Broadbent - “The Ashes and the Star-Cursed King” (Crowns of Nyaxia #2) vum Carissa Broadbent - “Kiss of Seduction” (Court of Chains #1) vum Rawnie Sabor - “A Little Sin” (Court of Chains #2) vum Rawnie Sabor - "Haunting Adeline" vum H.D. Carlton - "Very Bad Kings" Serie vum Jane S. Wonda - „Lights out“ vum Navessa Allen - “The Princess’s Pet” (Soul Match Series #1) vum J.K. Jeffrey

    Quellen: - Döring, Nicola. (2025). Groschenromane mit Porno-Inhalten? Warum Dark Romance fasziniert und polarisiert. In: Mediendiskurs, 1(2025), S. 64–72, online: https://mediendiskurs.online/beitrag/groschenromane-mit-porno-inhalten-beitrag-1193 - Döring, Nicola. (2025). Dark-Romance-Bücher zwischen Leselust und Moralpanik: Eine Orientierungshilfe für die pädagogische Praxis. In: merz | medien + erziehung, 69(3), online: https://doi.org/10.21240/merz/2025.03.29 - Interview mit Prof. Dr. Nicola Döring. (2025). Dark Romance: Schulen müssen Medien- und Sexualkompetenz fördern: https://www.campus-schulmanagement.de/magazin/dark-romance-schulen-muessen-medien-und-sexualkompetenz-foerdern-nicola-doering - Weis, Diana. (2025). Smut: Zur Popularität von New Adult- und Dark Romance-Literatur. In: POP – Kultur und Kritik, 26, S. 116–122, online: https://doi.org/10.14361/pop-2025-140118. - Artikel iwwer Twilight gender-swap: Brown, Heather. (2018). Fictional power and control and the reality of abusive behaviour. In: Journal of Gender Studies, 27:4, S. 401-410, DOI: 10.1080/09589236.2016.1223611.

    „Wenn Jugendliche Dark Romance als erste Quelle für Beziehungsgestaltung und Sexualität nutzen und daraus problematische Vorstellungen ableiten, verweist dies auf Defizite in der elterlichen und schulischen sexuellen Bildung.“ — Prof. Dr. Nicola Döring

    Myth of Consensual Sex Meme: https://knowyourmeme.com/memes/the-myth-of-consensual-sex

    Afficher plus Afficher moins
    1 h et 1 min
  • #183: Jo, ech wëll – Gaascht op enger Hochzäit sinn
    Jan 9 2026

    Iergendwann kënnt den Alter, wou een*t ëmmer méi dacks op Hochzäiten danzt – ob als „plus one“ oder mat eegener Aluedung. Dat ass vir vill vun eis mat gemëschte Gefiller verbonnen: Wat soll ech undoen, wéi wäert d‘Iesse sinn a wat soll ech da mat all deene Leit, déi ech vläicht guer net kennen, schwätzen? Zum Gléck hunn d‘Ella an de Joël an deene leschte Joren déi eng oder aner Hochzäit matgemaach an deelen elo hir Erfarunge mat iech. Si erziele vu last-minute-Outfits, vu Kommunikatiounsschwieregkeeten a vun der Angscht, ob ze ville Fotoen ze sinn.

    An der Rubrik erkläert Kelly, wat den Dual-Control System ass.

    Afficher plus Afficher moins
    52 min
  • #182: Abortion Care is Healthcare – An aner Grënn dëst Recht ze schützen
    Dec 26 2025

    D’Recht op sécher an einfach zougänglesch Schwangerschaftsofbrech ass essenziell fir eng gläichberechtegt Gesellschaft wou jiddereen*t iwwert den eege Kierper entscheede kann. Déi Lëtzebuerger Gesetzeslag am dem Beräich gëllt als relativ liberal. Bis zur 12. Schwangerschaftswoch (oder och bis zur 14. Woch seit d’Regelbluddung ausgefall ass) kënne schwanger Leit aus egal wéiengem Grond eng Ofdreiwung duechféiere lossen. Allerdéngs hu mir um Beispill vun den USA gesinn, wéi séier sech dat ännere kann. Aus dësem politesche Klima eraus huet déi lëtzebuerger Partei, déi Lénk, de Prozess an d’Weër geleet fir d’Recht op Schwangerschaftsofbroch ofzesécheren, an an der Verfaassung zu verankeren. Dozou haten zu Lëtzebuerg vill Leit vill verschidde Meenungen. An dëser Episode tauschen Ella an d*e Robin sech aus iwwer den Diskurs de Lëtzebuerg säit leschtem Joer bewegt.

    An der Rubrik erklärt d*e Robin wat eng Window of Tolerance ass. Quellen: Un droit à l’avortement dans la Constitution ? Les travaux parlementaires avancent - Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg Abtreibung in der Verfassung: Die Abgeordneten entscheiden sich für den Begriff „Freiheit“ - Luxemburger Wort Debatte um Abtreibung: Gérard Schockmel zieht Kritik auf sich - Reporter.lu La liberté de recourir à l'avortement sera inscrite dans la Constitution - Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg Geschichte - fraendag.lu Brochure d'Information: Interruption Volontaire de Grossesse (IVG) - sante.lu ABTREIBUNG: Von lebenslänglich zur Fristenregelung - woxx.lu Schwangerschaftabbruch in Luxemburg - CID Fraen an Gender Die Gesetzgebung in Luxemburg - CID Fraen an Gender Why Luxemburg wants to write the freedom to have an abortion into the constitution - Lëtzebuerger Journal

    Erwäänten Erfahrungsbericht aus dem Lëtzebuerger Journal: Wat mengs du? Iwwert d'Pësperen a volle Räim, een Temoignage - Lëtzebuerger Journal

    Afficher plus Afficher moins
    45 min
  • #181: Ausfloss, Anatomie an alles dotëschent – Meng Vulva an ech
    Dec 12 2025

    Stell dir vir, du hues Ausfloss, an du mengs, du miss stierwen: Doduerch, datt et vill Schummt an Tabue ronderëm d'Vulva gëtt, geschitt dat net wéinege Leit. Den Terme Vulva ass mëttlerweil deene meeschte Leit bekannt, mä iwwert d'Organ selwer ginn et nach ëmmer vill Mëssverständnisser. An dëser Episode schwätzen d'Ella an d*e Robin iwwert hir Bezéiung zu hirer Vulva. Si erziele vun der éischter Kéier, wou si hier Vulva am Spigel gesinn hunn, iwwert komesche Bezeechnungen an der Kandheet an iwwert Menstruatioun. Natierlech geet et awer och dorëms, wéi Masturbatioun a Sex sech op hir Bezéiung zu hirer Vulva ausgewierkt hunn. Opgepasst: An dëser Episod gëtt iwwer Erfarunge mat sexueller Gewalt an Trauma geschwat. Wann dës Themen dech belaaschten, iwwerlee dir, ob s du déi Episod vläicht mat enger Persoun zesumme lauschtere wëlls, dir eng Zesummefaassung gi wëlls loossen oder se einfach ganz skipps.

    An der Rubrik schwätzt d'Ella iwwert de nationalen Aktiounsplang (PAN) „LGBTIQ+“.

    Afficher plus Afficher moins
    49 min
  • #180: Léift geet duerch de Mo? – Iessgewunnechten
    Nov 28 2025

    Liebe geht durch den Magen! Sou seet een*t zumindest ëmmer, a fir vill Mënschen ass Iessen en essentiellen Deel vun hirem Liewen an hirer Identitéit. Mee wéi äußern sech eis Iessgewunnechten a laange Bezéiungen, a wéi beaflossen déi Bezéiungen eis Gewunnechten? A kënnen Veganer*innen a Fleeschiesser*innen amfong eppes mateneen hunn? De Joël, den Elie a Robin diskutéieren dës an aner Froen an dëser Episod.

    An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer AuDHD.

    Afficher plus Afficher moins
    48 min
  • #179: Hype, Tropes an (keen) Draachesex — Romantasy (Spicy Books #1)
    Nov 14 2025

    Wat stëscht hannert dem aktuell esou populäre Buchgenre Romantasy? De Joël a Kelly schwätzen doriwwer wéi de Genre entstanen ass, wat e präägt a wat hier Erfarungen domat sinn. Si hunn nämlech de Selbsttest gemaach a „Fourth Wing“ gelies. Wéi hunn si d'Buch an seng Duerstellung vu romanteschen Bezéiungen an Sex fonnt? Lauschter eran a fann et eraus!

    Spoiler Altert: „Fourth Wing“ (an ganz ebëssen „Iron Flame“) vum Rebecca Yarros.

    Afficher plus Afficher moins
    1 h et 1 min