Couverture de Méi wéi Sex

Méi wéi Sex

Méi wéi Sex

De : Méi wéi Sex
Écouter gratuitement

À propos de ce contenu audio

De Podcast fir all Mënsch mat engem Kierper.© 2024 Méi wéi Sex Hygiène et vie saine Relations Sciences sociales
Les membres Amazon Prime bénéficient automatiquement de 2 livres audio offerts chez Audible.

Vous êtes membre Amazon Prime ?

Bénéficiez automatiquement de 2 livres audio offerts.
Bonne écoute !
    Épisodes
    • #186: Ënnert engem Dach – Zesumme wunnen
      Feb 20 2026

      Zesumme mat anere Persoune wunnen ass fir vill vun eis kee Choix, mä eng Noutwendegkeet. Vill Leit wunne ganz selbstverständlech mat hirer Partner*innenpersoun zesummen. Dat ka schéi sinn, mä bréngt awer vläicht och seng ganz eege Problemer mat sech. Den Elie an d*e Robin erzielen an dëser Episod vun hiren Erfarunge mat funktionalem Wunnen, onsexy Dreckskëschten a méi oder manner fräiwëllegem Zesummenplënneren. Si schwätzen natierlech awer och iwwert déi grouss Fro: Schléift een*t zesummen an engem Bett oder dach léiwer getrennt?

      An der Rubrik erkläert d'Ella alles, wat dir iwwert Diskussioun ëm genderneutral Toilettë wësse musst.

      Afficher plus Afficher moins
      48 min
    • #185: Méi wéi bits and bytes — digital Kommunikatioun
      Feb 6 2026

      Mir benotzen se all Dag, dee ganzen Dag, méi oder manner bewosst andauernd: digital Kommunikatioun. Mir telefonéieren, videocallen, chatten, a memen mat anere Leit als e wichtegen Deel vun eise Konnektiounen. Mee wat mëcht et amfong mat eis, fir andauernd a Kontakt mat aneren an der ganzer Welt ze stinn, a fir ouni Paus online erreechbar ze sinn? Robin a Lynn diskutéieren an dëser Episod hir Erfarungen mat digitaler Kommunikatioun a wéi déi sech op hir Relatiounen zu aneren a sech selwer auswierkt.

      An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer dee grouss diskutéierte Lien tëscht Testosteron an Aggressivitéit.

      Afficher plus Afficher moins
      50 min
    • #184: Zweifelhafte Consent an zwiliichteg Charakteren — Dark Romance (Spicy Books #2)
      Jan 23 2026

      Dark Romance ass e Genre, deen Diskussiounen ausléist. Mee wat versteet een eigentlech ënner dub-con? Firwat liesen sou vill Mënschen trotz – oder vläicht grad wéinst – de kontroversen Themen Dark Romance? A wéi hunn dem Joël a Kelly hier däischter Lektüre gefall? Dat héiers du an dëser Episode. An der Rubrik schwätzt d'Ella iwwer Heterofatalismus! Inhalt vun der Episode: Minutt 0-12: Intro, Definitioun & Tropes Dark Romance Minutt 12-34: Bicher déi mir gelies hunn, hir Sexszeenen & wat mir denken Minutt 34-42: Grënn fir Dark Romance ze liesen Minutt 44-45:30: Ëmgang mat potenziell negativen Auswierkunge vum Dark Romance Trend Minutt 45:30-51:45: Ass Dark Romance eise Genre - an törnt eis dat un? Minutt 51:45-54: Wei geet et mat de Smutty Book Podcast-Episode weider? ab Minutt 54: Rubrik zu Heterofatalismus

      Bicher, déi mer erwähnen: - “The Serpent and the Nings of Night” (Crowns of Nyaxia #1) vum Carissa Broadbent - “Six Scorched Roses” (Crowns of Nyaxia #1,5) vum Carissa Broadbent - “The Ashes and the Star-Cursed King” (Crowns of Nyaxia #2) vum Carissa Broadbent - “Kiss of Seduction” (Court of Chains #1) vum Rawnie Sabor - “A Little Sin” (Court of Chains #2) vum Rawnie Sabor - "Haunting Adeline" vum H.D. Carlton - "Very Bad Kings" Serie vum Jane S. Wonda - „Lights out“ vum Navessa Allen - “The Princess’s Pet” (Soul Match Series #1) vum J.K. Jeffrey

      Quellen: - Döring, Nicola. (2025). Groschenromane mit Porno-Inhalten? Warum Dark Romance fasziniert und polarisiert. In: Mediendiskurs, 1(2025), S. 64–72, online: https://mediendiskurs.online/beitrag/groschenromane-mit-porno-inhalten-beitrag-1193 - Döring, Nicola. (2025). Dark-Romance-Bücher zwischen Leselust und Moralpanik: Eine Orientierungshilfe für die pädagogische Praxis. In: merz | medien + erziehung, 69(3), online: https://doi.org/10.21240/merz/2025.03.29 - Interview mit Prof. Dr. Nicola Döring. (2025). Dark Romance: Schulen müssen Medien- und Sexualkompetenz fördern: https://www.campus-schulmanagement.de/magazin/dark-romance-schulen-muessen-medien-und-sexualkompetenz-foerdern-nicola-doering - Weis, Diana. (2025). Smut: Zur Popularität von New Adult- und Dark Romance-Literatur. In: POP – Kultur und Kritik, 26, S. 116–122, online: https://doi.org/10.14361/pop-2025-140118. - Artikel iwwer Twilight gender-swap: Brown, Heather. (2018). Fictional power and control and the reality of abusive behaviour. In: Journal of Gender Studies, 27:4, S. 401-410, DOI: 10.1080/09589236.2016.1223611.

      „Wenn Jugendliche Dark Romance als erste Quelle für Beziehungsgestaltung und Sexualität nutzen und daraus problematische Vorstellungen ableiten, verweist dies auf Defizite in der elterlichen und schulischen sexuellen Bildung.“ — Prof. Dr. Nicola Döring

      Myth of Consensual Sex Meme: https://knowyourmeme.com/memes/the-myth-of-consensual-sex

      Afficher plus Afficher moins
      1 h et 1 min
    Aucun commentaire pour le moment