Couverture de Den Jobcast

Den Jobcast

Den Jobcast

De : ADEM | Studio J (Lëtzebuerger Journal)
Écouter gratuitement

À propos de ce contenu audio

De Wee vun der Aschreiwung bei der ADEM bis an den aktuellen Job. All Episod erzielt eng inspiréierend Success-Story. Den Jobcast ass de Podcast vum Studio J, der Produktiounsunitéit vum Lëtzebuerger Journal, a Kollaboratioun mat der ADEM, der Agence pour le développement de l'Emploi. Economie Réussite personnelle
Épisodes
  • #7 Mathias Treinen
    Apr 16 2026
    De Mathias Treinen ass 27 Joer al a mécht een Apprentissage Adulte an enger Autosgarage. Nom Lycée huet hien op der Uni verschiddenes ausprobéiert, mee d'Schicksal huet hien zeréck bei seng Passioun bruecht : Autoen. An dat war den Ufank vu senger Karriär bei Merbag zu Hollerech. D'Entreprise, fir déi hien haut nach schafft. Dëse Wee gouf him duerch d'Zesummenaarbecht tëscht Merbag an der ADEM erméiglecht. Den Hans Maes, säi Meeschter, an de Stephan Hawlitzky, Chef de Service Orientation Professionnelle vun der ADEM, erzielen, wéi hir Collaboratioun funktionéiert, a wéi se dem Mathias säi Wee impaktéiert huet.
    Afficher plus Afficher moins
    26 min
  • #6 Kevin Risch
    Dec 4 2025
    De Kevin Risch huet 28 Joer, ass aus Lëtzebuerg a mécht Musek. Déi eng oder aner kennen e bestëmmt och ënnert dem Numm Brebo. De Lycée huet hien, wou e méi jonk war, virun der Première ofgebrach. Hien ass an e Fitnesszenter schaffe gaang… bis en do entlooss ginn ass. Vu senger Musek ze liewen – säin endgültegt Zil – war awer (nach) net méiglech. An esou huet hien sech bei d'ADEM ageschriwwen. E puer Joer méi spéit ass de Kevin nach ëmmer bei der ADEM… Elo schafft en awer hei, am Guichet REVIS (kuerz fir Revenu d'inclusion sociale). A wéi d'Schicksal et wollt, ass säin deemolege Conseiller, de Gilles Eckes, haut säi Chef. Zesummen erzielen si dem Kevin seng Geschicht – vum éischte Rendezvous, wou hien ze spéit komm ass, bis hin zu hirer haiteger Aarbechtsbezéiung.
    Afficher plus Afficher moins
    22 min
  • #5 Merryn Swan
    May 20 2025
    De Merryn Swan kënnt aus Groussbritannien. No engem Ëmwee am Gibraltar ass fir d'Léift zu Lëtzebuerg gelant. Hei huet hien sech ëmmer weider bis zu engem Féierungsposten am Finanzberäich erop geschafft. "Ech hu gemengt, dass dat fir ëmmer mäi Liewe géif sinn", esou de Merryn. An dunn : Burnout, Therapien an eng Aklasséierung als "Travailleur handicapé". Zwee Joer méi spéit féiert de Merryn ee ganz anert Liewen, wäit ewech vun de Costumen a vun den Zuelen. Mat der Hëllef vun der ADEM huet hien een Job fonnt, wou hien seng Kreativitéit a Rou ausliewe kann. Zesumme mam Franziska Peschel, senger Chefredactrice, erzielt hie säi Wee zu sengem Posten als Production Assistant bei Radio ARA.
    Afficher plus Afficher moins
    24 min
Aucun commentaire pour le moment