Couverture de 1 cm

1 cm

1 cm

De : Lëtzebuerger Journal
Écouter gratuitement

3 mois pour 0,99 €/mois

Après 3 mois, 9.95 €/mois. Offre soumise à conditions.

À propos de ce contenu audio

De Lëtzebuerger Aarbechtsmarché sicht verzweifelt no Main d'Oeuvre. Gläichzäiteg ginn d'Kompetenze vu ville Mënsche mat enger Beanträchtegung nach ëmmer net genuch gesinn. Wéi gesäit d'Realitéit fir déi Persounen aus? Wéi eng Barrièrë sti weider am Wee? A wéi vill Potenzial bleift ongenotzt? Déi Froen hunn d'Journalist*inne vum Lëtzebuerger Journal an deene leschte Méint versicht ze beäntweren. D'Resultat ass e Podcast, deen d'Erausfuerderungen an d'Méiglechkeete beliicht, déi eng inklusiv Politik net nëmme fir déi Betraffen, mee och fir d’Gesellschaft an d’Wirtschaft opmaache kéint. 1cm, e Podcast vum Lëtzebuerger Journal. Vum 9. Oktober un. Abonnéier elo schonn de Podcast, fir keng Episod ze verpassen.Lëtzebuerger Journal Economie Politique et gouvernement Sciences politiques Sciences sociales
Les membres Amazon Prime bénéficient automatiquement de 2 livres audio offerts chez Audible.

Vous êtes membre Amazon Prime ?

Bénéficiez automatiquement de 2 livres audio offerts.
Bonne écoute !
    Épisodes
    • #6 D'Sonneblummen
      Dec 18 2025
      Den Aarbechtsmaart un d'Besoine vu Leit mat enger Beanträchtegung unzepassen ass net ëmmer einfach. Dat, ënnert anerem, well net all Beanträchtegung siichtbar ass. An dat ass guer net esou rar: Et gëtt geschat, datt 70 bis 80 Prozent vun de Beanträchtegungen net kierperlech siichtbar sinn. Mënschen, déi vun enger sougenannter Hidden Disability betraff sinn, sinn oft déi, déi am meeschte benodeelegt sinn, esou d'Christine Zimmer an den Andrea Di Ronco, béid vun Info-Handicap. Dofir hu mir an dëser Episod mam Sonja Feil geschwat. Spéit an hirer berufflecher Karriär huet si hir Passioun fir Blummen entdeckt an hätt nach gäre vill Joren als Fleuristin geschafft. Leider erlaabt hir Beanträchtegung dat net. Doriwwer raus gëtt et och eng Iwwerraschung: Eis Animatrice vum Podcast, d'Joanne Theisen, ass autistesch an erzielt eis vun hirer Erfarung um éischten Aarbechtsmaart. An d'Jana Degrott schwätzt iwwer d'Hidden Disability Sunflower a wéi dëse Projet Lëtzebuerg zu enger besserer Plaz fir Leit mat enger onsiichtbarer Beanträchtegung wëll maachen. D'Episod elo an einfacher Sprooch: https://journal.lu/de/1-cm-ep-3-inklusions-ateliers-einfacher-sprache Zesummendigital vum Digitaliséierungsministère: https://zesummendigital.public.lu/fr.html Chambre des Métiers, de Partner vum Handwierk: https://cdm.lu Hidden Disabilities Sunflower: https://hdsunflower.com/lu Info-Handicap: https://info-handicap.lu
      Afficher plus Afficher moins
      51 min
    • #5 Den Aktiounsplang vun der Politik
      Dec 4 2025
      D'Aarbechtslosegkeet bei Leit mat enger Beanträchtegung läit bei 30 Prozent. Dat ass héich am Verglach zur allgemenger Aarbechtslosegkeet, déi bei 6,1 Prozent läit. Gläichzäiteg feelt et un Aarbechtskräften, wärend Kompetenzen vu Leit mat enger Beanträchtegung oft ongenotzt bleiwen. Dowéinst si mir fir dës Episod ee Schratt méi wäit gaangen an hu bei den héchsten Instanzen nogefrot, wat geplangt ass, fir d'Situatioun ze verbesseren. Den Aarbechtsminister Georges Mischo (CSV) a Familljeminister Max Hahn (DP) schwätzen iwwert den neien Aktiounsplang, dee vun der Regierung aktuell ausgeschafft gëtt, a ganz besonnesch iwwert d’Quoten an d'Inklusiounsassistenz - eng Prioritéit vum Christine Zimmer, Direktesch vun Info-Handicap. Donieft kënnt och de Sam Houblie zu Wuert, Hien ass Personaldirekter bei Hornbach, ee vun de seelenen Betriber zu Lëtzebuerg, deen eegenen Aussoen no di gesetzlech Quote iwwertrëfft. Mir kucken, wat dat fir de Betrib, seng Mataarbechter*innen ma och seng Cliente*ë bedeit. Donieft kënnt och de Sam Houblie zu Wuert, Hien ass Personaldirekter bei Hornbach, ee vun de seelene Betriber zu Lëtzebuerg, deen eegenen Aussoen no di gesetzlech Quoten iwwertrëfft. Mir kucken, wat dat fir de Betrib, seng Mataarbechter*innen ma och seng Cliente*ë bedeit. D'Episod elo an einfacher Sprooch: https://journal.lu/de/1-cm-ep-5-was-die-politik-machen-muss-einfacher-sprache Zesummendigital vum Digitaliséierungsministère: https://zesummendigital.public.lu/fr.html Chambre des Métiers, de Partner vum Handwierk: https://cdm.lu Hidden Disabilities Sunflower: https://hdsunflower.com/lu Info-Handicap: https://info-handicap.lu
      Afficher plus Afficher moins
      50 min
    • #4 Op der Sich no Good Practices
      Nov 20 2025
      Eis éischt dräi Episoden hu gewisen: Den éischten Aarbechtsmaart ass oft net un d'Besoine vu Leit mat enger Beanträchtegung ugepasst. Trotzdeem ginn et Beispiller, déi weisen, dass et geet. Genee no sou Beispiller hunn d’Journalist*inne vum Lëtzebuerger Journal gesicht. A gelant sinn si beim Jessica Decker, Aide-Soignante bei Servior, a beim Tamara Schuster, wat bei der Gemeng Niederaanwen schafft. Zesumme mat hire Patronen, dem Buergermeeschter vun Niederaanwen Fred Ternes an dem Steve Infalt vu Servior, erzielen si hir Good Practices. Zousätzlech erkläert Info-Handicap, wat eng Good Practice ausmécht. D'Episod elo an einfacher Sprooch: https://journal.lu/de/1-cm-ep-4-best-practices-einfacher-sprache Zesummendigital vum Digitaliséierungsministère: https://zesummendigital.public.lu/fr.html Chambre des Métiers, de Partner vum Handwierk: https://cdm.lu Hidden Disabilities Sunflower: https://hdsunflower.com/lu Info-Handicap: https://info-handicap.lu
      Afficher plus Afficher moins
      42 min
    Aucun commentaire pour le moment