Couverture de Episod 54: Jean-Marie Ottelé X CNCI

Episod 54: Jean-Marie Ottelé X CNCI

Episod 54: Jean-Marie Ottelé X CNCI

Écouter gratuitement

Voir les détails

Offres de saison | 0,99 € par mois pendant les 3 premiers mois

5,99 €/mois par la suite. Des conditions s’appliquent. Annulation mensuelle possible.

Kontaktéiert eis

Industriegeschicht, Eisebunn a kollektiivt Gediechtnes

Wat bleift vun enger Fabrick, enger Eisebunnsstreck oder engem Beruff, wann d’Gebaier verschwannen an déi lescht Zäitzeien hir Geschichten net méi selwer erziele kënnen?

Fotoen, Dokumenter an Erënnerunge ginn dann zu wäertvollen Zeie vun enger industrieller Vergaangenheet, déi Lëtzebuerg an de Minett bis haut präägt. Am 54. Episod vum Minett Mash-Up treffe mir de Jean-Marie Ottelé, President vun industrie.lu a Webmaster vun industrie.lu a rail.lu. Mat him schwätze mir iwwer seng Passioun fir d’Industrie- an d’Eisebunnsgeschicht, iwwer den Opbau vu sengem digitalen Archiv an iwwer d’Bedeitung vun de Mënschen hannert de Maschinnen, Fabricken a Schinnen.

Location vum Mount: den CNCI um Belval

Fir dësen Episod ass de Minett Mash-Up beim Centre National de la Culture Industrielle, kuerz CNCI, um Belval ze Gaascht. Eng passend Plaz fir e Gespréich iwwer industriellt Ierwen an d’Fro, wéi d’Erënnerung u fréier Sitten, Techniken an Aarbechtswelte fir déi nächst Generatioune ka weidergi ginn.

Déi eigentlech Location vum Mount ass dës Kéier awer bal virtuell: de World Wide Web. Säit Enn vun den 1990er Jore sammelt a strukturéiert de Jean-Marie Ottelé Informatiounen, Dokumenter a Biller iwwer d’Eisebunns- an d’Industriegeschicht vu Lëtzebuerg an der Groussregioun. Säin digitale Projet weist, wéi eng privat Passioun no an no zu engem ëmfangräichen Archiv ka ginn.

Am Podcast geet et ëm d’Ufäng vun dësem Projet, déi éischt Sammlung an d’Entwécklung vun de Websäiten industrie.lu a rail.lu. Mir froen och, wouhier déi vill Informatiounen a Fotoe kommen a wéi dacks haut nach wäertvoll Dokumenter op engem Späicher oder beim Opriichte vun engem Haus entdeckt ginn.

Eise Gaascht: Jean-Marie Ottelé

De Jean-Marie Ottelé ass Informatiker, President vun industrie.lu an e passionéierte Kenner vum industriellen a vum Eisebunnspatrimoine. Als Webmaster vun industrie.lu a rail.lu dokumentéiert hien d’Geschicht vu Betriber, Sitten, Schinnen, Maschinnen a Beruffer, déi d’wirtschaftlech a sozial Entwécklung vu Lëtzebuerg matgepräägt hunn.

Hannert dësem Archiv stinn awer net nëmme Gebaier an technesch Anlagen. Et geet och ëm d’Fraen a Männer, déi do geschafft hunn, ëm hir Beruffer, hir Aarbechtskonditiounen an hir perséinlech Geschichten. Am Gespréich kucke mir dofir och op Beruffer, déi haut verschwonne sinn, op de fréieren Aarbechtsalldag an op d’Plaz vun de Fraen an der Industriegeschicht.

D’Eisebunn spillt dobäi eng besonnesch Roll. Hir Entwécklung ass enk mat där vun der Stolindustrie an der Transformatioun vum Land verbonnen. Historesch Strecken, Fotoen, Dokumenter an Temoignagen hëllefen, dës Zesummenhäng ze verstoen an Informatiounen iwwer verschwonnen oder ëmgebaut Sitten ze erhalen.

Zum Schluss geet de Bléck an d’Zukunft: Wat soll nach dokumentéiert ginn? Wéi kënnen esou digital Archiver weidergefouert ginn? A wéi kann een déi nächst Generatioune fir d’Industrie- an d’Eisebunnsgeschicht vu Lëtzebuerg begeeschteren?

De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op:
https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/

Followed eis op Instagram

adbl_web_anon_alc_button_suppression_t1
Aucun commentaire pour le moment