„Sport aus der Heemecht - De Podcast“ geet an déi zweete Ronn. Mam Mirko Mosr vun de Beaufort Knights diskutéiert de Ben iwwer interessant Themen aus dem Äishockey & Momenter, déi d'Karriär vum Nationalspiller gepräägt hunn. Egal wou de Mirko um Äis steet, hie lieft säi Sport zu 100 Prozent.
Lauschtert elo déi zweet Episod vun „Sport aus der Heemecht - De Podcast“ & fannt eraus, wéi een d'Zäit op laangen Auswäertsreesen an d'Belsch iwwerbréckt, wat ee gudden Äishockey-Spiller ausmëscht & ween um Enn d'Olympesch Spiller 2026 gewënnt. Ech wënschen iech vill Spaass.
Den Opbau vun der Episod:
0'00" - Intro & Präsentatioun vum Podcast.
1'10" - D'Chronologie vum Mirko senger Karriär.
11'25" - D'Zäit bei der Nationalekipp.
15'35" - Entweder, oder?
22'20" - Äishockey ganz einfach erkläert.
28'20" - Dem Mirko seng Roll um Äis.
29'35" - Déi wichtegst Fäegkeeten um Äis.
33'40" - Witzeg Anekdoten aus dem Mirko senger Karriär.
39'35" - Kläppereien & de Mann am Gol.
46'20" - Dem Mirko säin Dram-Trio & säi beschte Géigespiller.
49'50" - Wee géif de Mirko a seng All-Star-Ekipp opstellen?
57'20" - De Faktor Mentalitéit am Äishockey.
62'25" - Den Héichpunkt & den Déifpunkt am Mirko senger Karriär.
66'00" - Wéi beschreift sech de Mirko um Äis?
66'45" - Ausbléck op d'Zukunft.
68'25" - Pronostic fir d'Olympesch Spiller & Diskussioun iwwer d'NHL.
80'15" - Outro vun der zweeter Episod.