Couverture de New Work

New Work

New Work

De : Chambre des salariés | Studio J (Lëtzebuerger Journal)
Écouter gratuitement

À propos de ce contenu audio

Den Aarbechtsmarché ass permanent amgaangen sech ze veränneren. D'Pandemie huet dat nach emol acceleréiert. Wéi gesäit d'Aarbechtswelt vun haut aus? Wéi eng Faktore ginn ëmmer méi wichteg a wou leien d'Geforen? Dorëms geet et am Podcast "New Work", eng Kollaboratioun tëscht der Chambre des salariés an dem Lëtzebuerger Journal.Lëtzebuerger Journal Economie Réussite personnelle
Épisodes
  • New Work #24 - Méi Weiderbildung, méi Aarbechtsqualitéit
    Feb 25 2026
    All Joer freet sech d’Chambre de Salariés wéi et ëm d’Aarbechtsbedgingungen um lëtzebuerger Aarbechtsmarché steet. Dofier hu si zesummen mat der Uni Lëtzebuerg an dem Sozialfuerschungsinstitut INFAS den Quality of Work Index an d’Liewe geruff. Eng Studie bei där dausende vu Leit, déi zu Lëtzebuerg schaffen zu hierem Bien-Être op an ronderëm d’Aarbescht befrot ginn. Wéi eng Roll spillen déi initial Formatioun a Weiderbildungen am Kontext vum Wuelbefannen op der Aarbescht? Wéi gesäit den Qualiy of Work Index vun 2025 aus? A verbesseren sech d’Aarbechtsbedingungen zu Lëtzebuerg op laang Siicht? All dat kläre mir haut mam David Büchel, Conseiller de direction bei der CSL, an dem Dr. Philipp Sischka, Fuerscher op der Uni.lu an Deel vun der Ekipp déi d’Studie auswäert.
    Afficher plus Afficher moins
    20 min
  • New Work #23 - Acquis ou conquis sociaux ?
    Nov 10 2025
    Fir d’Aarbechtsrechter vun haut gouf haart gekämpft. Do wou d’Chambre des salariés hikomme wëll, si mir haut awer nach net ukomm. Firwat brauche mir Gewerkschaften? Wéi eng Aarbechtsrechter konnt een sech an der Vergaangenheet erkämpfen? An wéi kollaboréieren d’Gewerkschaften an d’Chambre des Salariés zesummen? All déi Froe si virun allem an der haiteger Zäit, wou d’Tripartite ëmmer nees duerch d’Streidegkeeten an d’Opmierksamkeet geréit, wichteg. Genee dat beschwätze mir an dëser Episod mam Nora Back, Presidentin vun der Chambre des salariés, a mam Sylvain Hoffmann, Direkter vun der Chambre des salariés.
    Afficher plus Afficher moins
    21 min
  • New Work #22 - Panorama social 2025
    Oct 21 2025
    Ee Mol am Joer mécht d’Chambre des salariés de Point iwwert déi sozial Situatioun zu Lëtzebuerg. Wéi eng Inegalitéiten existéieren a gi méi grouss? Ween ass vun Aarmut betraff a virun allem firwat? An wat kann d’Politik maachen, fir de soziale Panorama zu Lëtzebuerg opzebesseren? All dat gräifen déi Responsabel fir de Panorama Social vun der CSL op a sichen no Léisungen. Festgehale gëtt all dëst an engem Dokument, wat der Politik an dem grousse Public fir näischt zur Verfügung steet. Wéi dëse Panorama Social zustane kënnt, wat d’Erkenntnisser zum Panorama 2025 sinn a wat mir dorausser kënne léieren… Doriwwer an iwwer villes méi schwätze mir mam Nathalie Georges an dem Félix Martins, alle béid Conseillere bei der Chambre des salariés.
    Afficher plus Afficher moins
    16 min
Aucun commentaire pour le moment