Couverture de Déi gutt Mod

Déi gutt Mod

Déi gutt Mod

De : Melody Hansen | Lynn Warken | Lëtzebuerger Journal
Écouter gratuitement

3 mois pour 0,99 €/mois

Après 3 mois, 9.95 €/mois. Offre soumise à conditions.

À propos de ce contenu audio

Et waren emol eng Lokaljournalistin an eng Radiomoderatorin. Elo leede se gemeinsam e 76 Joer ale Mediebetrib, de Lëtzebuerger Journal. Wéi se dat maachen, erzielen d’Lynn Warken an d’Melody Hansen an dësem Podcast. Si schwätzen iwwert hiren Alldag an enger Féierungspositioun, hir Learnings, Beobachtungen awer och iwwert déi Saachen déi si owes wakereg halen.Lëtzebuerger Journal Economie Management Management et direction Sciences sociales
Les membres Amazon Prime bénéficient automatiquement de 2 livres audio offerts chez Audible.

Vous êtes membre Amazon Prime ?

Bénéficiez automatiquement de 2 livres audio offerts.
Bonne écoute !
    Épisodes
    • #36 Wéi soen ech mengem Patron, dass ech Mamm ginn? feat. Hanna Meyer
      Jan 7 2026
      D’Hanna Meyer war wärend senge Studiejoren als dat bekannt, wat oft a vill Stagë mécht. No engem Stage an den USA wärend der Finanzkris 2008, verschléit et déi geléiert Kommunikatiouns-Expertin awer rëm zeréck op Lëtzebuerg. Mëttlerweil ass d'Hanna d'Directrice vum Kommunikatiouns-Departement vun der Chambre des Métiers an ass Mamm vun zwee Kanner. An dëser Episod schwätze mir iwwert säin akademesche Wee, deen hatt bis a Südfrankräich a South Carolina gefouert huet, d'Valorisatioun vum Handwierk a wéi hatt mat nëmme véier Stonne Schlof trotzdeem funktionéiert.
      Afficher plus Afficher moins
      43 min
    • #35 Muechtmëssbrauch an d'Wichtegkeet vu Feminismus feat. Jessika Rauch
      Dec 17 2025
      Jorelaang huet d'Jessika Rauch an der Privatwirtschaft geschafft, ier hatt de Courage hat, ze kënnegen an de Sprong an d'Selbststännegkeet gewot huet. Déi gebierteg Saarlännerin war scho beim SWR, Beiersdorf a Villeroy&Boch ugestallt. No engem hallwe Joer an Italien huet hatt dunn d'Decisioun geholl, Independant ze ginn. Haut lieft a schafft hatt zu Lëtzebuerg am PR-Beräich. An dëser Episod schwätze mir iwwert Iwwergrëffegkeeten op der Aarbecht, firwat de Fluchmodus heiansdo ganz hëllefräich ass a wéi d'Jessika domat ëmgeet, kee Moiesmënsch ze sinn, an dat an enger Aarbechtswelt, déi dorop ausgeluecht ass.
      Afficher plus Afficher moins
      47 min
    • #34 Onsiichtbar Care-Aarbecht am Betrib feat. Bérengère Beffort
      Nov 26 2025
      Journalismus, Politik a Kommunikatioun – d’Bérengère Beffort huet a senger Carrière an all deene Beräicher Erfarung gesammelt. Hatt war Journalistin an enger Zäit, an där et nach keng sozial Medie goufen, a Redaktiounskonferenzen, an deenen hefteg diskutéiert gouf, waren seng léifste Momenter. Haut ass hatt Head of Communications vun der Chambre de Commerce, wou hatt déi dräi Welten zesummebréngt. An dëser Episod erzielt hatt, firwat et sech lount, dem Rouegsten am Raum d’Wuert ze ginn, wéi seng Aarbecht um Ministère de l’Égalité des genres hatt laangfristeg gepräägt huet an, datt et onsiichtbar Care-Aarbecht och an Entreprisë gëtt.
      Afficher plus Afficher moins
      44 min
    Aucun commentaire pour le moment