Couverture de 35M Elevator Pitch

35M Elevator Pitch

35M Elevator Pitch

De : 35M Films
Écouter gratuitement

À propos de ce contenu audio

We invite filmmakers from Luxembourg and all over the world to discuss their passion and craft of making movies!

© 2026 35M Elevator Pitch
Art
Les membres Amazon Prime bénéficient automatiquement de 2 livres audio offerts chez Audible.

Vous êtes membre Amazon Prime ?

Bénéficiez automatiquement de 2 livres audio offerts.
Bonne écoute !
    Épisodes
    • JULES WARINGO – Best of Both Worlds 🇱🇺
      Feb 6 2026

      Mir sinn zréck!! Eisen éischte Gaascht vun der neier Saison ass de Jules Waringo.

      Kaum ee war sou fréi schonn op Filmsets ënnerwee wéi hien. Als Fils vun engem Produzent an enger Schauspillerin, war et jo bal net anescht méiglech, dass hien haut och déi zwee Beruffer mécht.

      De Jules erkläert eis net nëmme wou den Ënnerscheed läit tëschent Produzent a Production Manager – mee erzielt eis och wéi et op der Premiere zu San Sebastian war, wou hien den neie Film vum belsche Starregisseur Joachim Lafosse presentéiert huet. Am „Six Jours ce Printemps-là“ huet eise Jules nämlech eng vun den Haaptrollen dierfe spillen.

      Natierlech musse mer awer och iwwert déi News schwätzen, déi iwwert de Joachim wärend dem Dréi erauskomm sinn, an säin – soe mer – problematescht Behuelen op Tournagen an der Vergaangenheet uprangeren.

      Wéi dem Jules seng Erfarung mat him war – a wisou hien an der Lycée’s Zäit aus der Schoul geflunn ass – dat erzielt hien eis an dësem Interview.

      Support the show

      Ënnerstëtz eis mat engem klengen Don:
      www.35mfilms.com/podcast-donate


      Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas

      Instagram: @35mfilms
      www.35mfilms.com

      Afficher plus Afficher moins
      1 h et 18 min
    • EUGENIE ANSELIN – Ausser Otem 🇱🇺
      Apr 4 2025

      D’Eugenie Anselin ass voller Iwwerraschungen. Mir kennen hatt natierlech als talentéiert Schauspillerin, dat schonn als Kand virun der Kamera stoung – mee ech hunn nawell gutt gestaunt wéi hatt erzielt huet mat wat et bei him lassgaang ass.

      D’Eugenie erzielt eis wéi hatt iwwert den Otem a seng Rolle rafënnt mee och wéi ee mat Kritik ëmgeet. Besonnesch dann, wann se perséinlech ass an extra wéi deet. Eppes, dat mer mengen ech alleguer kennen.

      Gottseidank hu mer d’Opnam vun dësem Podcast ouni Accident iwwerstanen hunn. Well wärend där Stonn, hätt beim Eugenie sou munches kenne passéieren...

      Support the show

      Ënnerstëtz eis mat engem klengen Don:
      www.35mfilms.com/podcast-donate


      Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas

      Instagram: @35mfilms
      www.35mfilms.com

      Afficher plus Afficher moins
      1 h et 15 min
    • HANA SOFIA LOPES – Déi ganz Welt ass eng Bühn 🇱🇺
      Mar 14 2025

      D'Hana Sofia (moment, ass dat iwwerhaapt säi richtege Numm!?) ass weltwäit gutt ennerwee. Als Weltenbummler a Polyglott (ganzer 7 Sproochen!) ass d'Hana Sofia Lopes scho vill rondrëm komm. Zu Letzebuerg huet et éischt Schrett gemaach mat der Sitcom "Comeback", wärend hatt a Portugal duerch eng Telenovela engem Milliounepublikum bekannt ginn ass.

      Haut schwätze awer iwwer seng neiste Roll am actionräichen ZDF Thriller "Flucht aus Lissabon" wou hatt un der Säit vum "Bergdoktor" Hans Sigl drop lass geballert huet.

      Wat dat mat engem mécht, wann een als Schauspiller permanent am Zentrum vun der Opmierksamkeet steet – a wat ass, wann dat op emol ophält – doriwwer ënnerhaale mer eis ennert anerem mam Sofia.

      Support the show

      Ënnerstëtz eis mat engem klengen Don:
      www.35mfilms.com/podcast-donate


      Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas

      Instagram: @35mfilms
      www.35mfilms.com

      Afficher plus Afficher moins
      1 h et 11 min
    Aucun commentaire pour le moment