Couverture de Loscht op Mord

Loscht op Mord

Loscht op Mord

De : Charel Krier Julie Gerard
Écouter gratuitement

À propos de ce contenu audio

"Loscht op Mord" - een True Crime Podcast op Lëtzebuergesch. De Charel an d‘Julie presentéieren iech déi spektakuläerst a spannendst Kriminalfäll aus aller Welt. An den eenzelen Episode gëtt d’Geschicht ronderëm dës Mordfäll an hir Affer opgerullt. Mee si kucken och ëmmer nees op d‘Täter, a wéi si hir Dote begaangen hunn. An all Episod widmen déi Zwee sech engem anere Fall, bei dem si sech op Fakte ronderëm dëse beruffen, a loossen dobäi awer och hir eegen Usiichten an Interpretatiounen mat afléissen.Eldoradio
Les membres Amazon Prime bénéficient automatiquement de 2 livres audio offerts chez Audible.

Vous êtes membre Amazon Prime ?

Bénéficiez automatiquement de 2 livres audio offerts.
Bonne écoute !
    Épisodes
    • Episod 116 - Dat falscht Geständnis vum Günther Kaufmann
      Feb 8 2026
      Den 1.Februar 2001 fënnt den däitsche Schauspiller Günther Kaufmann säi Kolleeg a Steierberoder Hartmuth Hagen dout a senger Wunneng op. De Günther verhält sech opfälleg géigeniwwer den Ermëttler a leet och e Geständnis of, an deem hie seet, dass hien an engem Kampf den Hartmut ëmbruecht hätt, andeems hien op hie gefall wier. Spéider sollt sech awer erausstellen, dass dem net esou war. Wien ass dann elo Schold um Doud vum Hartmut Hagen? Firwat gouf hien ëmbruecht? A firwat huet de Günther sech esou verhalen? Alles dat an der neier Episode vu Loscht op Mord.
      Afficher plus Afficher moins
      30 min
    • Episod 115 - De Fall Annie Le
      Jan 25 2026
      Am September 2009 schafft dat 24-järegt Annie Le als Doktorandin an de Laboe vun der Yale University. Sou och den 8. September. Hatt ass moies nach ze gesinn, wéi hatt an d’Labosgebai era geet, mee hei sollt hatt ni méi rauskommen. Seng Matbewunner mellen hat owes nach als vermësst an et gëtt grouss nom Annie gesicht. Den 13. September fënnt een dann dem Annie seng Läich, verstoppt am Keller vum Labosgebai. Wien huet d'Annie ëmbruecht a firwat? Alles dat an der neier Episod vu Loscht op Mord.
      Afficher plus Afficher moins
      41 min
    • Episod 114 - De Fall Julie Kibuishi
      Dec 14 2025
      Am Mee 2010 fiert dem Samuel Herr säi Papp bei säi Bouf an d'Wunneng nodeems dësen net opgedaucht ass. An der Wunneng fënnt de Papp an der Wunneng d'Läich vun enger jonker Fra. Dobäi handelt et sech ëm dat 23 Joer alt Juri „Julie“ Kibuishi. Hatt ass eng gutt Frëndin vum Sam Herr. Alles weist drop hin, dass de Sam Sex mam Julie wollt hunn an hien sech gewaltsam un him vergraff huet an d'Julie dono erschoss huet. Bei weideren Ermëttlunge sollt sech awer e ganz anert Bild zum Fall weisen. Alles Weideres an dëser Episod vu Loscht op Mord.
      Afficher plus Afficher moins
      37 min
    Aucun commentaire pour le moment